Café bei den Tutebattien

Nieft eisen Concerten, Fester, déi mir reegelméisseg hunn, si mir awer besonnesch houfreg op eisen Freidescafé ,, Bei den Tutebattien,, deen deemools am Dezember 2000 vun puer engagéierten Musiksmemberen an der Ënnerstëtzung vun der Gemeng an d`Liewen geruff gouf. De Café, deen lo scho méi wéi 20 Joer besteet, gëtt vun eise Musiksleit an Frënn gefouert. De Café ass all Freides vun 17.00 - 01.00 Auer op. Kuckt och eise Facebookprofil Café Bei den Tutebattien

Weitere Infos

Veräin

Wëllkomm um Site vun der Gouschtenger Musek a.s.b.l.. D’Fanfare Gouschteng -Beyren a.s.b.l. ass 1947 gegrënnt ginn. Et ass eng engagéiert an dynamesch Equipe. Zur Zäit hu mir 25 aktiv Musikantinnen a Musikanten. Mir prouwen all Donneschdes vun 20.00-22.00 Auer an eisem Proufsall am Centre Culturel zu Gouschteng. Eisen Dirigent ass den Ansis Nikolovskis an mir hunn e Comité vun 9 Leit.

Weitere Infos

Agenda

20 Mai

Concert um Duerffest zu Bech

20 Mai | Ab 12:15

D’Fanfare Gouschteng-Beyren spillt e Concert ob der Bech-Berbuerger Musek hirem Duerffest zu Bech.

24 Mai

Wiert vum Owend: Martine an Edmée

24 Mai | Vun 17:00 bis 01:00
31 Mai

Wiert vum Owend: Sibi an Alain

31 Mai | Vun 17:00 bis 01:00
07 Jun

Wiert vum Owend: Christiane a Josy

07 Juni | Vun 17:00 bis 01:00

Weitere Infos

Galerie

D’Strawberries live am Café Bei den Tutebattien den 22. Mäerz 2024

Zur Galerie