Geschicht

/

D`Geschicht vun der Gouschtenger Musek

Nodeems 1946 eng éischte Kéier mat 8 Mann fir d`Kiermes den Hämmelsmarsch uechter d`Duerf gespillt ginn ass, an d`Borschten ëmmer méi Spaass kritt hunn net nëmme méi ,,wëll,, ze spillen, mä richteg Musek ze spillen ass den 1. Januar 1947 beschloss ginn eng richteg Musek ze grënnen.

1950 huet d`Musek hiren éischte Fändel kritt.

1954 krut d`Musek hier éischt Uniformen an 1972 di zweet.
1967 huet d`Festwellen erëm eng Kéier héich am Duerf geschloen, wéi d`Musek op der Kiermes hiert 20jähregt Jubiläum gefeiert huet.
Donieft sinn 16 daper Musikanten mat Verdéngschtmedaillen vun der UGDA ausgezeechent ginn. De Jubiläumsconcert ass mam Hämmelsmarsch ugaangen, an déi 26 Musikanten vun deemools hu gewisen, datt och eng Musek um klengen Duerf eppes leeschte kann!

1973 war nees e Meilesteen am Liewe vun der Musek: Den 22. Juli krut si hiren 2. Fändel! Well mat der Zäit och ëmmer méi Musekanten a Museksschüler aus dem Nopeschduerf Beyren an de Veräin koumen, huet de Comité décidéiert, der Gesellschaft en neien Numm ze ginn, an zwar koum op deen neie Fändel

„FANFARE GOSTINGEN – BEYREN“ stoen.

1997 huet d`Fanfare Gouschteng-Beyren hiren 50. Gebuertsdag gefeiert mat villen Feierlechkeeten an enger Broschüre ,,50 Joer Musek,, zu Gouschteng.

D`Musek huet sech zu engem feste Bestanddeel vum sozialen a kulturelle Liewen vun der Uertschaft entwéckelt.

Mir sinn houfreg op eis  Gouschtenger Musek !