; De Café ,,Bei den Tutebattien,, besteet säit dem 1. Dezember 2000.
Dat war eng Initiativ vun e puer Veräinsmemberen mat der Ënnerstëtzung vun eiser Gemeng e Freidescafé opzemaachen.
En gëtt gefouert vun Museksmemberen a Museksfrënn.
Seng éischt Joren sinn am ,,alen,, Centre Culturel ofgehalen ginn. Am August 2006 sinn mir dunn an di al Schoul geplënnert. No der 1. Reouverture am Summer 2006 sinn mir houfreg 2014 nachmol eis trei Clientèle an engem neien Look z`empfänken. Schonn iwer 20 Joer sinn mir ëmmer nach motivéiert iech all Freides frëndlech z`empfänken. Ween hätt daat am Dezember 2000 geduecht 😉 ?
Kommt a besicht eis mol an engem ganz labberen gesellegen Kader.
De Café ass all Freides vun 17 Auer un bis 1 Auer op.
Di ganz Equipe freet sech op iech.
Eise Motto ass, mir maachen gär eppes fir d`Leit a bis elo huet nach jiddereen sech bei eis wuelgefillt.
Freides,de 17. Januar 2020 hu mir eisen 1.000 Café gefeiert. Et war e groussen Erfolleg.
Eisen 20. Gebuertsdag ass leider wéinst Corona ausgefall.